D’Offere by Language Easily

Eis Deeg si kuerz an et bleift wéineg Zäit fir Formatiounen. Duerfir proposéiere mir iech e flexibele Service, wat d’Stonnen ubelaangt, den Déplacement an och d’Organisatioun. Kloer ass et datt eng Privatpersoun oder eng Firma net déi selwecht Besoinen hunn, esou och eis Offeren fir eng gréisser Satisfactioun.

I. Eis Offre de Bienvenue :

Forfait 30 Stonnen fir en 22 Stonne Cours vun 1h30 Als « Bienvenue » fir all eis nei Clienten, proposéiere mir iech eis Servicer fir e puer Frang, ewéi z.B. den éischte Forfait 4/6 Persounen, selwechten Tarif ewéi de Forfait Individuel Face-to- Face, fir 1’617 € TTC (inkulsiv Déplacementen a Bicher).

Eis Formatioune si personaliséiert. E Gratistest ass matabegraff. Dir kritt vun eis e Service sur Mesure fir spezifesch Besoinen vun ären Employéeën, mat enger extra, spezieller Formatioun. En Test final an en Zertifikat bei färdegen Niveau, gëtt iech och iwwerréscht.

Kompetzenzen – mëndlech oder schrëftlech :

  • Grammär a Vokabulär hänke vun äre Besoinen of
  • Lecture, Verständnis an Auditioun verbesseren
  • Mëndlech a schrëftlech Expressioun
  • Rapid Autonomie kréien

II. Eis Conversatiounscoursen :

11 Course vun 1h30

D’Objektiver :

  • Vun de Kompetenzen bis zum Mëndlechen gëtt ee Schratt
  • An enger klenger Grupp kënnen matzeschwätzen oder verstoen : Sujeten ewéi d’economesch Aktualitéit, Kultur, Sozialberäich, asw..
  • Sech selwer vertrauen an ëmmer méi wuelfillen

III. Offre de Mutualisation vun de Besoinen :

Ob dir eng individuell Persoun oder eng Firma sidd, sti mir iech gären zu Verfügung fir eng Formatioun vun 30 Stonnen, zu engem exzeptionnellem Präis, fir Lëtzebuergesch, Englesch, Däitsch.. mat Mises en Situationen, tel que : um Telefon, an engem Meeting, Mailen oder Aaneres.. dat alles, zesumme mat aanere Firmen fir eng gréisser Grupp opzestellen, ass méiglech.

D’Objektiver :

  • Vun de Kompetenzen bis zum Mëndlechen
  • An enger klenger Grupp kënnen matzeschwätzen oder verstoen : Sujeten ewéi d’economesch Aktualitéit, Kultur, Sozialberäich, asw..
  • Sech selwer vertrauen an ëmmer méi wuelfillen
  • D’Wiel vun de Sujete sinn iech iwwerloos

Sidd dir scho Client a mat eis zefridden, schwätzt vun eis, an dir kritt Gratisstonnen.

IV. Eise Package :

Fir 100, 200 oder 500 Stonnen, kritt dir 5 bis 15% Rabatt op ärer Gesamtfacture et 5% Supplementareskont beim Cashbezuele vun dëser selwechter Facture.

Dëss Jorespackagen erlaaben iech är Stonnen, d’ganzt Joer anzehuelen, esou ewéi dir iech et wënscht.

Sicht iech eng Offer eraus, a mir engagéieren eis schnellstens alles op d’Been ze setzen, esouguer « en cas d’urgence ». Bei deene Packagen hutt dir méi eng grouss Flexibilitéit an der Organisatioun vun äre Formatiounen.

Et soll ee Weideres gesinn :

Fir all Barzahlung vun dëser Facture, kritt dir en Eskont vu 5% .

Bei all Endsessioun an och Réussite, kritt dir en Zertifikat iwwerrécht.

Et ass eis e Pleséier iech an ären Démarchen wéinst a fir de Congé Linguistique, ze hëllefen.